Scandale pédagogique

Jim

/ #30 Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-28 15:21

3 Joer laang ploe mir eis am Primaire all Daag mat engem Gesetz erëm, wou am Vierfeld nie en eenzegen Enseignant ëm seng Meenung gefroot gouf! E Gesetz wat alles op d'Kopp geheit huet, wat eis Schoul war, e Gesetz wat vun enger Ministësch an hieren Karrieristen um MEN iwerstierzt ëmgesaat gouf a wou mir zanterhier all Joer Ännerungen erliewen, déi näischt anëscht beweisen, wéi dass dat Gesetz an sengen groussen Zich nët ausgeräift war, wéi et ëmgesaat gouf. Wa mir Enseignant'en sou schlampeg an onpreparéiert Schoul géifen haalen, wéi Dir Mme Delvaux an Är Paltongszéier um MEN schafft, da wäre mir falsch op der Plaaz a mir missten eis de Vierworf gefaale loossen, nët professionell ze schaffen oder fir et mat Ären eegene komplizéierten Wieder auszedrécken: - socle atteint sous réserve !! Kommt mol vun Ärem héien an iwerhieflechen Troun eroof a kommt mol an eis Schoulen kucken, da gesidd Dir, wat der ugeriicht hudd. Mëssgonscht ënnert Kollegen, Kontroll vun uewen no ënnen an alle Beräicher, idiotësch Verbürokratiséierung vun eisem Beruff, Verloscht un Autonomie, Reegelungen déi der Statistik notzen awer kilometerwäit laanscht déi reell Bedürfnisser vun eise Kanner gin - hire wierklechen Bedürfnisser souguer entgéint gesaat sinn... an alle Beräicher feelt et eis un Ressourcen, fir professionell schaffen ze kënnen...
Zevill Leit am Enseignement bekloen sech an hun riichteraus geschwaat d'Flemm, jo d'Flemm mat engem Beruff den Dir Mme Delvaux a manner wéi 5 Joer esou eroofgewirtschaftet hudd, dass vill Enseignant'en sech d'Fro stellen, wéi laang sie den Zirkus do nach matmachen kënnen a wëllen!
All Joer nei Zensuren, all Joer nei Bewertungskritèren, all Joer méi oniwersiichtlech a verklausuléiert Kompetenzindicateuren - maacht mol Är Hausaufgaben uerdentlech éier Dir d'nächst Joer nacheemol eng nei Zensur erausbréngt - eis Kanner laafen mëttlerweil zum Deel mat 5 verschiddenen Zensuren duerch d'Land - an de "Wahnsinn" geet poulriicht weider! Dëst Joer kréie mer d'Kompetenzen an d'Zensuren vum läschte Joer schlecht geschwaat, et ass nach keen Joer hier du krute mer gesoot, déi nei Kompetenzen an déi nei Zensuren wieren "der Weisheit letzter Schluss"! Ass dat professionell Mme Delvaux, ass dat d'Vierbild wat dir der Schoul Lëtzebuerg vierlieft? BRAVO! Dir hudd a manner wéi 5 Joer e Beruff esou wäit eroof bruecht wéi keen Educatiounsminister an der Geschicht vierun Iech. Nëmmen gudd, dass keng Agence de Qualité do ass fir Är Arbecht ze bewerten - dës Bewertung géif ganz kloer heeschen: socle de compétence non-atteint oder op aal lëtzebuergësch gesoot: duerchgefall!! Mat Ärer Reformitis hudd Dir villen Enseignant'en d'Loscht um Beruff verduerwen... Nëmmen gudd dass d'Kollegen aus dem Secondaire sech nët esou iwerrennen loosen, wéi mir virun 3 Joer. Dat mecht Hoffnung!!