Scandale pédagogique

Quoted post

Jim

#30 Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-28 15:21

3 Joer laang ploe mir eis am Primaire all Daag mat engem Gesetz erëm, wou am Vierfeld nie en eenzegen Enseignant ëm seng Meenung gefroot gouf! E Gesetz wat alles op d'Kopp geheit huet, wat eis Schoul war, e Gesetz wat vun enger Ministësch an hieren Karrieristen um MEN iwerstierzt ëmgesaat gouf a wou mir zanterhier all Joer Ännerungen erliewen, déi näischt anëscht beweisen, wéi dass dat Gesetz an sengen groussen Zich nët ausgeräift war, wéi et ëmgesaat gouf. Wa mir Enseignant'en sou schlampeg an onpreparéiert Schoul géifen haalen, wéi Dir Mme Delvaux an Är Paltongszéier um MEN schafft, da wäre mir falsch op der Plaaz a mir missten eis de Vierworf gefaale loossen, nët professionell ze schaffen oder fir et mat Ären eegene komplizéierten Wieder auszedrécken: - socle atteint sous réserve !! Kommt mol vun Ärem héien an iwerhieflechen Troun eroof a kommt mol an eis Schoulen kucken, da gesidd Dir, wat der ugeriicht hudd. Mëssgonscht ënnert Kollegen, Kontroll vun uewen no ënnen an alle Beräicher, idiotësch Verbürokratiséierung vun eisem Beruff, Verloscht un Autonomie, Reegelungen déi der Statistik notzen awer kilometerwäit laanscht déi reell Bedürfnisser vun eise Kanner gin - hire wierklechen Bedürfnisser souguer entgéint gesaat sinn... an alle Beräicher feelt et eis un Ressourcen, fir professionell schaffen ze kënnen...
Zevill Leit am Enseignement bekloen sech an hun riichteraus geschwaat d'Flemm, jo d'Flemm mat engem Beruff den Dir Mme Delvaux a manner wéi 5 Joer esou eroofgewirtschaftet hudd, dass vill Enseignant'en sech d'Fro stellen, wéi laang sie den Zirkus do nach matmachen kënnen a wëllen!
All Joer nei Zensuren, all Joer nei Bewertungskritèren, all Joer méi oniwersiichtlech a verklausuléiert Kompetenzindicateuren - maacht mol Är Hausaufgaben uerdentlech éier Dir d'nächst Joer nacheemol eng nei Zensur erausbréngt - eis Kanner laafen mëttlerweil zum Deel mat 5 verschiddenen Zensuren duerch d'Land - an de "Wahnsinn" geet poulriicht weider! Dëst Joer kréie mer d'Kompetenzen an d'Zensuren vum läschte Joer schlecht geschwaat, et ass nach keen Joer hier du krute mer gesoot, déi nei Kompetenzen an déi nei Zensuren wieren "der Weisheit letzter Schluss"! Ass dat professionell Mme Delvaux, ass dat d'Vierbild wat dir der Schoul Lëtzebuerg vierlieft? BRAVO! Dir hudd a manner wéi 5 Joer e Beruff esou wäit eroof bruecht wéi keen Educatiounsminister an der Geschicht vierun Iech. Nëmmen gudd, dass keng Agence de Qualité do ass fir Är Arbecht ze bewerten - dës Bewertung géif ganz kloer heeschen: socle de compétence non-atteint oder op aal lëtzebuergësch gesoot: duerchgefall!! Mat Ärer Reformitis hudd Dir villen Enseignant'en d'Loscht um Beruff verduerwen... Nëmmen gudd dass d'Kollegen aus dem Secondaire sech nët esou iwerrennen loosen, wéi mir virun 3 Joer. Dat mecht Hoffnung!!

Réponses

Ce message a été supprimé par son auteur (Montrer les détails)

2011-11-28 20:49:45



Visiteur

#32 Re: Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-28 20:55:10

#30: Jim - Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

Genee esou ass et an dat kann et jo net sinn!!!

 

 

fern

#33 Re: Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-29 17:00:51

#30: Jim - Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

Virwaat veröffentlecht den auteur desen Text net an der Press - ech hun selwer Kanner an der Primärschoul, a kann nëmmen konfirméieren waat hei geschriwen gëtt.

Desen Text huet op schiddefall eis Opmierksamkeet am secondaire kritt...

kuddel

#34 Bravo

2011-11-29 17:02:11

#30: Jim - Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

Bravo!

Esou gesäit et effektiv aus. Hun Kanner am 2. an 3. Cycle an kann dem nëmmen zoustëmmen. Och de Rescht ass 100% korrekt. D'Mme Delvaux huet den gréissten Deel vun den Enseignanten den Dégout agedriwwen. Och am Secondaire hun mir massiv d'Flemme mat der Aart a Weis vun uewen erof wéi domm, kleng Toperten behandelt ze gin.

Alleguer zesummen op Bartreng en Donneschdeg, weisen, DASS ELO SCHLUSS ASS!

 


Visiteur

#36 Re: Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-29 19:32:49

#30: Jim - Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN 

 Bonjour,

Votre article fait froid dans le dos et prouve à quel point la mobilisation est nécessaire!

M'autorisez-vous à le traduire et peut être pourrions-nous (vous?)  le proposer à ''l'Essentiel''car on n'entend pas assez l'avis des instituteurs et c'est injuste et scandaleux!

Bien à vous,

Marie

 


Visiteur

#38 Re: Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN

2011-11-29 21:22:49

#30: Jim - Mme Delvaux a Conseiller'en um MEN 

 Vous devriez absolument lancer une pétition demandant une vraie évaluation de la situation dans le primaire (et pas des questionnaires dont les demandes sont si bien formulées qu'elles ne permettent que d'envoyer un message positif!) ainsi qu'un retour en arrière lorsque le système précédent était plus efficace et permettait un meilleur apprentissage, une meilleure progression des élèves. Outre de nombreux enseignants, un grand nombre de parents d'élèves qui ne  comprennent plus rien à l'évaluation de leurs enfants et aimeraient un retour aux notes la signeraient très certainement. Un tel retour en arrière s'est déjà produit en Suisse où la majorité des parents d'élèves et des enseignants l'avaient demandé et où la politique a cédé face au bon sens de la population!